Fro den AffekotBong fort am Ausland? An hei?

Bob Konsbruck
© Grafik RTL

Bong fort am Ausland? An hei?

Am Ausland mam Auto ënnerwee: Wat Chaufferen aus Lëtzebuerg solle wëssen

Vill Leit notzen déi nächst Deeg, fir an d’Vakanz ze fueren – dacks och mam Auto an d’Ausland. Mee wat geschitt, wann een do e Verkéiersfeeler mécht? Gëllen d’Strofen och fir Lëtzebuerger? A wéi ass et mam Führerschäin? Iwwer dës Froen huet RTL mam Avocat Maître Jean-Jacques Schonkert geschwat.

Verkéiersreegele gëllen iwwerall

D’Haaptreegel ass einfach: Am Ausland gëllen d’Reegele vum jeeweilege Land. Egal ob a Frankräich, an der Belsch, an Däitschland oder an Éisträich – de lokale Code de la route muss respektéiert ginn. Wien ze séier fiert, falsch parkt oder ënnert Alkohol steiert, muss och mat de jeeweilegen Konsequenze rechnen.

Strofen kommen och op Lëtzebuerg

Kritt ee am Ausland eng Geldstrof, da muss een déi am Prinzip bezuelen, och als Lëtzebuerger. Wann d’Strof net direkt op der Plaz bezuelt gëtt, kann de Fall un d’Lëtzebuerger Justiz weidergeleet ginn. Iwwert den europäeschen Informatiounsaustausch funktionéiert d’Zesummenaarbecht tëscht de Länner ëmmer besser. „Sou liicht kënnt een net méi dovun“, seet de Maître.

Fuerverbuet: bis elo just am betraffene Land

Wann ee sech am Ausland e schwéiere Verkéiersverstouss leescht an de Führerschäin do agezunn kritt, da gëllt dëse Retrait aktuell just an deem Land, wou en ausgeschwat gouf. Dat heescht: Eng Persoun, déi zum Beispill an Däitschland e Fuerverbuet kritt, däerf zu Lëtzebuerg – an aneren EU-Länner – weider fueren.

Nei EU-Direktiv

Dat kéint sech awer geschwënn änneren. Eng nei EU-Direktiv gesäit vir, datt Fuerverbueter aus dem Ausland och am Heemechtsland gëllen. E Retrait de permis an engem aneren EU-Land kéint dann also och zu Lëtzebuerg Konsequenze hunn.

Auswierkungen op spéider Affären

Och wann eng Strof aus dem Ausland net direkt Auswierkungen zu Lëtzebuerg huet, kann se bei spéideren Affären berécksiichtegt ginn. Wann et hei am Land zu engem neie Verkéiersdelikt kënnt, kënnen d’Riichter kucken, ob et an der Vergaangenheet schonn Problemer am Ausland gouf – wat d’Strof am Eenzelfall méi deier maache kann.

Appell fir méi Verantwortung

De Maître Schonker erënnert drun, datt den Auto keng Bagatell ass: „En Auto ass eng Waff.“ Et misst Schluss sinn mat der Astellung, sech am Ausland „alles erlaaben ze kënnen“, wärend een doheem virsiichteg ass. Méi Sécherheet op de Stroossen ass d’Zil – iwwerall an Europa.

Back to Top
CIM LOGO