Ofschloss-Freedefeier vun der FouerBoulevard Robert Schuman e Mëttwochowend fir den Trafic gespaart

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend geet d'Schueberfouer ëm 22.00 Auer mat engem grousse Freedefeier op en Enn. Dat huet Repercussiounen op den Trafic ronderëm de Glacis.
© RTL-Archiv

Tëscht 20.00 an 23.30 Auer wäert den Accès fir op de Lampertsbierg iwwert de Bd. Robert Schuman, also vun der Rouder Bréck, fir den Trafic gespaart sinn. De Quartier bleift awer iwwert d’Rue Albert Unden an d’Avenue de la Faïencerie op der Säit vum Rollengergronn accessibel.

© Ville de Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO