
Wéi et e Freideg de Mëtteg aus dem Mobilitéitsministère heescht, hätt déi nei Transportministesch Yuriko Backes d’Decisioun geholl, datt Bus-Linnen, déi op verschidden Industrie-Sitte fueren, fir d’éischt emol bäibehale ginn.
D’Ministesch géif gären déi concernéiert Acteuren treffen - notamment d’Syndicaten, déi de Salariéen hir Interessien vertrieden an d’Fedil op der Patronatssäit. Eréischt da kéint ee fondéiert Diskussiounen iwwer d’Nëtzlechkeet vun dëse Linne féieren. An de Gespréicher soll dann och zum Deel iwwer alternativ Léisungen nogeduecht ginn.
D’Buslinne fir Sitte wéi Goodyear, ArcelorMittal, de CFL-Multimodal ware vu Suppressioune viséiert, dat aus Käschtegrënn. D’Gewerkschaften hate sech géint d’ Ewechfale vun den 21 Buslinne staark gemaach.
Folgend Buslinne lafe fir d’éischt emol weider: