Fir d'Gewerkschaften ass d'Sträiche vun den 21 Buslinnen kontraproduktiv, well 1.000 Leit betraff sinn. Déi Zuel rechent de Ministère awer ganz anescht.

Auto doheem loossen a souvill wei méiglech Bus, Tram oder Bunn fueren- dat gëtt de Leit jo ëmmer erëm un d'Häerz geluecht. Do schéngt et onverständlech, dass den Transportministere decidéiert huet, Buslinnen falen ze loossen.

D'Gewerkschaften LCGB an OGBL wiere sech dogéint, dass 21 Linnen, déi bei Fabricken zu Colmer, Konter, Steesel oder Ettelbréck gefuer sinn, am Ufank vum nächste Joer aus Rentabilitéitsgrënn ofgeschaaft ginn. Eng 1.000 Leit wieren de Gewerkschaften no betraff. De Ministère rechent do anescht, déi Linne wiere ganz wéineg benotz ginn an et kéint een 5 Milliounen d'Joer aspueren.

Elleng 11 vun den 21 Linne fueren de'Goodyear um Colmer-Bierg un. Alleguer solle se ugangs vum nächste Joer ewechfalen. Fir d'Gewerkschaften ass dëst eng Katastroph, seet de Robert Fornieri vum LCGB. "Wat d'Fabricken ugeet, déi grouss Industrie vum Land, si mer eleng scho bei 1.000 bis 1.500 Leit, déi vun den Annulatioune betraff sinn. Mat dobäi Goodyear, ArcelorMittal, de CFL-Multimodal zu Beetebuerg, oder d'Cebi an d'S.E.O. Et si vill Leit schwéier getraff vun dëser Entscheedung." Zu Zäite vum Klimawandel-Debat missten, esou den LCGB, eleng 100 bis 200 weider Autoen den Dag op Colmer fueren. Méi perséinlech Käschten a méi Stau fir d'Aarbechter. E schlechte Message op ville verschiddenen Niveauen. "Et si vill Entreprisen, déi ënnert der Penurie beim Personal leiden. Se mussen hiren Aarbechter souguer Primme bezuelen, fir se unzelackelen. Hei wäert een eng ganz Rei Leit incitéieren, sech no aneren Aarbecht-Alternativen ëmzekucken."

Beim Schichtwiessel zu Colmer-Bierg hunn d'Kolleege vun RTL Télé Lëtzebuerg eng 50 bis 60 Leit begéint, déi op de Bus fir Heem waarden. De Bus op Arel ass gutt voll. Fir de Recht sinn et 2 oder 3, och mol 9 oder 10 Leit an engem Bus. Fir déi, déi de Bus all Dag huelen, ass et eng Mëschung tëscht Frust a Verständnis.

Ech maache mer grad vill Suergen, seet eng Persoun. Ech weess nach net wéi ech et no Februar soll maachen. Co-Voiturage ass leider keng Optioun fir mech.

Ech fueren all Dag aus den Alentoure vun Arel op Uewerpallen. Vun do aus huelen ech de Bus bis heihinner. Ech kann d'nächst Joer och all Dag mam Auto kommen. Mir dinn déi Leit awer méi Leed, déi keen Auto oder Führerschäin hunn. Déi si richteg geheit, gëtt en anere Aarbechter ze bedenken.

Engersäits sinn ech frustréiert, anersäits verstinn ech et, seet en Drëtten. Ech huelen de Bus zanter 7 Joer an zanter dem Ufank froen ech mech, firwat e Bus vun 13 Meter fir 7 Leit fiert. Heiansdo setzen ech och ganz eleng dran.

Nach dëst Joer wëll ee sech beim Transportministère mat den Entreprisen a Gewerkschaften un een Dësch setzen, fir weider Optiounen ze diskutéieren. Vun deenen 1.000 betraffene Leit, déi den LCGB zitéiert, wëll een awer näischt wëssen. Eis Bussen hunn e System, déi all Client, dee ran a raus geet, zielt. Mir hunn déi exakt Zuelen. Dee meescht benotzten Trajet läit bei 22,6 Reesender den Dag. Bei ville leie mer tëscht 0 an 3 Passagéier den Dag. Mir schwätzen net vun 1.000 Leit, mee éischter vun 100, esou den Transportminister François Bausch.

Mam eliminéiere vun den 21 Linne géife sou knapp 5 Milliounen Euro agespuert ginn. Aktuell géif ee bis zu 17.000 Euro pro Buspassagéier de Mount ausginn, fir d'Linnen um Liewen ze behalen. Dat ass einfach net effikass wat mer do maachen. Dat kascht einfach ze vill Geld, esou de Minister weider.

Eng Erweiderung vum ëffentlech Transport op de betraffenen Trajete gëtt diskutéiert. Op déi awer eng Optioun fir Leit op der Schicht sinn, bléift ze klären.