
Eigentlech hätt de fréiere Chef vu Renault-Nissan en Donneschdeg eng Pressekonferenz sollten ofhalen, doraus ass awer näischt gi well hien op en Neits verhaft gouf. An der Plaz gouf et e Videomessage vum Carlos Ghosn, an deem hie vun engem Komplott schwätzt a rappelléiert, datt hien onschëlleg wier.
Hie gouf vun de japaneschen Autoritéite verhaft wéinst presuméiertem finanzielle Bedruch.