Vum 17. Juli bis 14. SeptemberCFL annoncéiert hir Chantieren iwwert d'Summervakanz

RTL Lëtzebuerg
Betraff si vun de Chantieren d'Linne 10, 30, 60, 70 an 90. Eenzeg a Richtung gëtt et op der ganzer Streck kee Chantier.

A Richtung Athus respektiv Lonkech fiert vum 21. August bis den 12. September u keen Zuch tëscht Péiteng an der Grenz. A Richtung Péiteng via Beetebuerg fueren op verschiddene Weekender keng Zich tëscht Beetebuerg a Volmerange an tëscht Beetebuerg a Rëmeleng fuere keng tëscht dem 28. August an dem 12. September. Tëscht der der Stad a Beetebuerg fiert keen Zuch de leschte Juli. Am August fueren dann op e puer Weekender keng Zich tëscht der Stad an Diddenuewen.

Tëscht der Stad a Conter fueren da vu Mëtt Juli bis Enn September keng Zich. Op der Nordstreck fueren op verschiddene Weekender keng Zich, dann awer och vu Mëtt Juli bis Mëtt September keng tëscht Kautebaach a Wolz an tëscht der Stad an Ettelbréck zirkuléiere keng Ween vum 17. Juli bis de 6. August. Tëscht dem Pafendall an der Stad fuere se da vum 7. August bis dem 15. September net.

All d’Detailer am Communiqué vun den CFL

PDF: De Communiqué

Back to Top
CIM LOGO