GréiwemaacherChantier am Rondpoint "Kummert"

RTL Lëtzebuerg
De Chantier, dee vum 8. Abrëll bis den 20. Abrëll dauert, betrëfft de "Kahlenberg" d'Rue Kummert an d'Lëtzebuerger Strooss.

Fir d’Automobilisten gëllt an den dräi Phasen, datt de Verkéier déi ganzen Zäit iwwer mat Luuchte gereegelt gëtt.

Foussgänger dogéint mussen do méi oppassen. An der éischter Phase, 8. bis 14. Abrëll, ass den Trottoire an der Rue Kahlenberg zou, esou datt den anere Wee laanscht de Rondpoint muss goen. Dono, de 14. a 15. Abrëll, sinn Deeler vum Trottoire an der Lëtzebuerger Strooss gespaart. Déi drëtt Phase vum Chantier betrëfft d’Foussgänger dann awer net méi.

PDF: De Communiqué vun der Gemeng

Back to Top
CIM LOGO