
Op der Linn 10 ass d’Streck tëscht Ettelbréck an Ëlwen vum 25. Mee bis den 2. Juni gespaart. Tëscht Ettelbréck an Dikrech fuere keng Zich de Weekend vum 25. a 26. Mee esou wéi den 1. an 2 Juni.
Dann ass et op der Linn 60 d’Streck tëscht Esch a Rodange zou, dat vum 25. Mee bis den 2. Juni.
Op alle Strecke ginn Ersatzbusser tëscht den eenzele Garen agesat. D’Detailer fannt der am Communiqué vun den CFL.