16.-18. AbrëllChantier um Echangeur Diddeleng-Biereng
Wéi Ponts et chaussées matdeelen, gëtt den Tapis op der A13 op der Héicht vum Echangeur Diddeleng-Biereng frëschgemaach.
Verëffentlecht: 15.04.21 10:57, Update: 15.04.21 11:07
Dowéinst ginn d'Bretellë vum Echangeur Diddeleng-Biereng an d'N31 tëscht Beetebuerg an Diddeleng fir den Trafic gespaart.
De Chantier fänkt freides géint 19 Auer un an dauert bis e Sonndeg 21 Auer.
PDF: D'Kaart am Detail