CFLChantiere fir 2021 annoncéiert

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg hunn d'CFL d'Chantieren, déi op hiren Zuchlinnen an dësem Joer wäerten duerchgefouert ginn, matgedeelt.
© Karin Blasen-Reinesch (Archiv)

Den 3. Abrëll fänkt d’Phas 2 vu 4 vun de grousse Chantiere vun den CFL un. Dës geet viraussiichtlech bis de 16. Juli 2021.

Betraff vun der Phas 2 sinn d’Linnen 10 (Lëtzebuerg, Ëlwen, Gouvy), 30 (Lëtzebuerg, Waasserbëlleg, Tréier), 70 (Lëtzebuerg, Rodange, Athus), 60 (Lëtzebuerg, Esch, Péiteng) an 90 (Lëtzebuerg, Beetebuerg, Diddenuewen).

PDF: De Communiqué vun den CFL

Back to Top
CIM LOGO