Tëscht Féiz a MonnerechCompteur fir Verkéiersfloss um Uertsschëld "Féiz" opgehaangen
RTL Lëtzebuerg
Et huet fir vill Leit wéi e Radar ausgesinn, wat een um Mëttwoch tëscht Monnerech a Féiz konnt gesinn.
Update: 01.04.2019 17:32
Mir hu beim Ponts et Chaussées nogefrot a si hunn eis confirméiert, datt hei net geblëtzt gëtt. Dës Apparatur gouf installéiert, fir eben de Verkéiersfloss op dëser Plaz ze moossen an d’Gefierer ze zielen.