
D’Baisse zejoert vum Präis beim Bensinn, Diesel a Masutt baséiert op der Coronakris, déi d’Präisser an de Keller gedriwwen hat.
Zënter Juni 2020 sinn d’Präisser nees an der Hausse, awer nach net um Niveau vu virun der Kris.
Tëscht November zejoert a Mäerz dëst Joer war et awer een zolitte Plus vun iwwer 50%.
Wat d’Präisdeierecht betrëfft, ginn de Franz Fayot a Claude Turmes dervunner aus, dass déi nächst Indextranche wuel am éischten Trimester d’nächst Joer kéint fälleg ginn.
