Kaschte soll se 139 Milliounen Euro.
Allerdéngs ass d’Biergerinitiativ Gemeng Suessem guer net begeeschtert vum Projet a klot elo virum Verwaltungsgeriicht. Den CR110 verbënnt déi zwou Uertschafte Käerjeng a Suessem. Tëscht dëser Strooss leien den Zämer- a Bobësch. Dëst ass e Naturschutzgebitt.
Iwwert dës Strooss soll spéider eng Wëldbréck féieren. Am Prinzip eng gutt Iddi. Trotzdeem huet d’Suessemer Biergerinitiativ e Problem mat dësem Bau. Et géif keen “avant projet sommaire” virleien.
Fir d’BIGS, d’Suessemer Biergerinitiativ, wär dëst en Trick, fir elo schonns kënne mat den Aarbechte vum Contournement unzefänken. Dëse soll jo spéider hei laanscht d’Käerjenger Gare feieren.
Zil vum Contournement ass et, d’Lëtzebuerger Strooss z’entlaaschten. Fir d’Biergerinitiativ ginn et aner Léisungen ewéi just nëmmen des Ëmgehungsstrooss.
De Minister François Bausch wëll zu dësem Projet näischt méi soen. De Ball géif elo beim Geriicht leien an dat misst elo tranchéieren, esou de grénge Politiker op eis Ufro hin.