
Och bei der Motore gëtt en Deel vun der Offer gestrach, all drëtt Variant soll aus dem Programm geholl ginn.
Audi wëll an Zukunft verstäerkt an d’Elektromobilitéit investéieren a sech op de chinesesche Marché konzentréieren.
Fir de Constructeur vun Ingolstadt sinn et den Ament schwiereg Zäiten. Ënner anerem d’Diesel-Affären an d’Ëmstellung op déi nei Norm WLTP hunn Audi staark zougesat.