Äntwert op eng parlamentaresch FroDe gréissten Deel vum Fuerpark vum Staat ass net elektresch

RTL Lëtzebuerg
Zejoert huet de Lëtzebuerger Staat 207 Gefierer fir den ëffentlechen Déngscht kaf, iwwert d'Hallschent dovunner mat Verbrennungsmotor.
© AFP Archiv

Wéi et an der Äntwert vum Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten heescht, waren et 135 Autoen a Camionnette mat thermeschem Motor, 7 Hybriden, 37 Plug-In Hybriden an 38 ganz elektresch Gefierer.

A priori missten alleguerten déi nei Gefierer 100% elektresch sinn, esou de Minister. Den Ëmweltministère kéint awer Derogatioune ginn, wann et e Gefier fir e spezifesche Gebrauch ass an et keng adequat elektresch Alternativ gëtt.

Vum ganze Fuerpark vum Staat, 2.202 Gefierer, sinn der haut 2.021 mat Verbrennungsmotor, 91 voll elektresch, 23 Hybrid an 67 Plug-In-Hybrid. 2020 huet de Staat knapp 15 Milliounen Euro fir säi Fuerpark ausginn, dräi Véirel dovu si Frais d’exploitation.

Back to Top
CIM LOGO