Primme fir ElektroautoenDe Mouvement Ecologique begréisst déi nei Krittären

RTL Lëtzebuerg
"Direktsubventionen für E-Autos: Es tut sich etwas!" - esou iwwerschreift de Mouvement Ecologique säi Communiqué, an deem ee sech zefridde weist.
© AFP

De Mouveco begréisst déi nei Krittäre bei de Primme fir Elektroautoen, déi eng sozial Selektivitéit an och de Modell vum Gefier mat abezéien.

An engem Schreiwes e Freideg de Moien weist d’Ëmweltorganisatioun sech och zefridden, datt Leit, déi finanziell net sou gutt gestallt sinn, d’Primm net méi musse virstrecken, an datt d’Primm fir Hybridautoen erofgesat gouf an um Enn vum Joer ausleeft. Elo misst awer nach un der Steierpolitik geschafft ginn: de Mouveco fuerdert en neie System fir Leasing an Déngschtween, eng Staffelung vun der Autossteier an e Malus-System fir besonnesch deck Autoen.

PDF: Communiqué vum Mouveco

Back to Top
CIM LOGO