D’Händler an deemno och d’Cliente brauche weider vill Gedold.
Fréier goufe Vëloen, grad wéi vill aner Produkter méi no bei eis, an Italien, a Frankräich produzéiert. Elo ass Europa ofhängeg vun Importer aus Asien. De fréiere Vëlosprofi Edy Schütz kuckt mat Nostalgie op déi Zäit zeréck, wou den Diddelenger sech selwer hannert d’Steierrad vu sengem Auto gesat huet an, an Italien gefuer ass, Material akafen.
“Déi Zäit huet ee sämtlech Direkter aus alle Fabricken, wou ee sech beliwwere gelooss huet, kannt. Et konnt een och mat de Leit schwätzen. Mir sinn des Ëfteren an Italien gefuer, wann d’Material net erbäikomm ass. Fir d’Saache sichen ze goen.”
Haut ass d’Welt eng aner. Just ee Vëlo vun zwee, déi d’lescht Joer an Europa verkaf goufen, gouf och nach wéi an Holland, um Kontinent zesummegebaut. Iwwerdeems 95 Prozent vun de Stécker, vun de Bremsen, iwwer Changement, Rieder, bis d’Kader, aus Asien importéiert ginn. D’Commande lafen laang am Viraus iwwer E-Mail.
“Do kennt ee kee Mënsch méi. Et kritt een einfach eng Äntwert. Do kann ee 6 Mol schreiwen. A 6 Mol kritt een dann och villäicht keng Äntwert. Do musse mer huelen, wat mer kréien. Ech hu Fabrikanten, wou ech vill mat hinne geschafft hunn. Do maachen ech meng Commanden am Ufank vum Joer. Op eemol matten am Joer, da kritt ee Bescheed gesot, datt se deen oder dee Vëlo net kënne bauen, well se déi Stécker net erbäikréien.”

D’blank Kader, déi am Geschäft hänken, erënneren un d’Zäit, wou den Edy Schütz am Atelier stoung a selwer Vëloen zesummegebaut huet. Haut bréngen d’Schëffer, Containere voll mat grousse Këschten aus Asien. Den Händler mécht just nach de Fine- Tuning. De Beruff vum Vëlosverkeefer huet mat der Liwwerketten an den 80er Joren ugefaangen z’änneren.
“A mat deem Geschéck hu mer eise ganze Marché mat den Aarbechtsplatzen hei an Europa verluer.”
Déi weltwäit Nofro u Vëloen huet deemools an den 80er Jore staark ugezunn. Virop d’Amerikaner hunn de “Bicycle” entdeckt. Et war den Ufank vun der Masseproduktioun. Taiwan, China, Malaysien goufen zu den Dréischeiwen. Bis d’lescht Joer d’Covid-Pandemie alles op d’Kopp gehäit huet. An d’Enn vum Gewulls ass net a Siicht.
“Wann ee bedenkt, datt een en normale Pneu wëll hunn, fir op eng Coursemaschinn, wat e ganz geleefegen Artikel ass, an et bestellt een dat, an et kritt ee gesot, dir kritt en eréischt den nächste Juni 2022 geliwwert. Dat ass bal net méi ze maachen.”
De franséische Produzent Mercier probéiert ze reagéieren. D’Produktioun zeréck an den Hexagon, an d’Nopeschregioun Ardennen ze relokaliséieren. Bis elo feelt et awer un der néideger finanzieller Ënnerstëtzung vun der franséischer Regierung.