
Mat dëse soll kontrolléiert ginn, ob d’Chauffere sech op der drëtter Spuer tëscht der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz och un de Covoiturage halen.
Vun e Méindeg u sinn d’Radaren a béid Richtunge schaarf gestallt. Si kontrolléieren, ob d’Chauffere sech och un de Covoiturage halen. D’Radare si mat Kameraen equipéiert, déi Silhouetten erfaassen an esou erkennen, wéi vill Persounen an engem Gefier sëtzen. Wéi Ponts et chaussées an engem Schreiwes matdeelen, déif dat op eng Manéier passéieren, déi konform mam Dateschutz wier.
Wärend der Testphas kréie Leit, déi sech net un de Covoiturage halen, nach keng Protokoller heemgeschéckt.