Klimaneutralitéit am MëttelpunktDéi international Automobil-Ausstellung IAA fänkt dëse Méindeg un

RTL Lëtzebuerg
Si ass eng éischte Kéier zu München, an dat och mat engem neie Konzept.

D’Klimaneutralitéit steet am Mëttelpunkt a sou geet et net nëmme méi ëm den Auto, mä och 70 Vëlos-, E-Scooter-Produzenten a Start-Upen stellen aus.

Ausgestallt gëtt och an der ganzer Stad, net nëmmen an de Foireshalen.

Grouss Autosmarken wéi Toyota, Fiat, Chrysler, Peugeot oder Opel feelen.

Um Méindeg 6. September ass d’Foire fir d’Press reservéiert, éier da vum 7.-12. September och de grousse Public Zougang kritt.

www.iaa.de

RTL-News: Internationalen Autosfestival zu München: IAA-Géigner blockéieren Autobunne mat Protestaktiounen

Back to Top
CIM LOGO