Den Tram-Chantier kënnt gutt virun. Dat bedeit awer och fir déi nächst Deeg a Woche méi schwiereg Momenter am Stater Stroosseverkéier. Zanter dësem Summer kann ee jo mam Tram vum Kierchbierg bis op d'Stäreplaz Aller-Retour fueren. A ronn annerhallwem Joer soll et dann bis op d'Stater Gare goen.
Vum Weekend u bis nächste Mëttwoch ginn op der Kräizung Boulevard Joseph II mat der Avenue Emile Reuter ënnerierdesch Réier geluecht. Dowéinst ass da just eng Spur op fir d'Autoen an d'Bussen. Besonnesch moies am Beruffstrafic, fir erop op de Kierchbierg, ass da mat Stau a Retarde bis zréck op Hollerech ze rechnen.