
Vun e Sonndeg den Owend um 22 Auer un a bis e Freideg um 22 Auer inclus kéint et zu Problemer am Zuchtrafic a Richtung Belsch kommen. Grond dofir ass den CFL no e Streik, dee bei eisen Nopere geplangt ass.
Dowéinst warnt eis national Eisebunn schonn am Viraus, datt et op deenen dräi Linnen, déi mat der Belsch verbonne sinn, zu Perturbatioune ka kommen. Dëst wieren d’Strecke vun der Stad aus iwwer Klengbetten op Arel, vun der Stad iwwer Ëlwen op Gouvy a vun der Stad iwwer Käerjeng op Athus.
Leit, déi dës Zuchlinne wëllen notzen, solle sech am beschten am Virfeld um Site vun den CFL oder iwwer hir App informéieren, ob hiren Zuch net ausgefall ass oder Verspéidung kritt, respektiv ob e bis op seng Endstatioun an der Belsch fiert.