Et gëtt konkreetDéi sougenannte "Rout-Luucht-Radaren" kënnen an Zukunft an den Asaz kommen

RTL Lëtzebuerg
En enstpriechenden Projet de loi krut en Donneschdeg de Mëtten an der Chamber gréng Luucht.

Op der Stäreplaz an der Stad war esou e System jo schonns an enger Test-Phas. Weider Plaze wieren d’Hollerecher Strooss an um Schlammestee, wou an enger éischter Phase emol sou Apparater virgesi sinn.

Ween deemno bei Rout net stoen bleift, gëtt an Zukunft do geblëtzt.

© RTL-Archiv

Eleng zejoert goufen iwwregens eng méi wéi 140.000 Chauffeuren vu fixe Radaren erwëscht, well se ze séier waren.

Back to Top
CIM LOGO