Um Donneschdeg, bei der offizieller Aweiung huet een, wéineg iwwerraschend, vill zefridde Gesiichter gesinn. Ma och wann déi nei Strooss eng Entlaaschtung bréngt, sinn am Raum Dippech domadder awer nach net all d’Verkéiersproblemer geléist.
Endlech, enfin an nees endlech. Déi politesch Responsabel hu méi wéi eng Kéier betount, datt et un der Zäit war, fir de Contournement vun Dippech-Gare elo opzemaachen. D’Dräikantonsstrooss war mat méi wéi 8.000 Gefierer, déi se an der Lescht pro Dag passéiert hunn, nämlech un hirer Limitt ukomm. Virun allem well d’Zuchbarriär deels bis zu 40 Minutte pro Stonn zou ass.
Wat de Contournement ugeet, sou huet deen eng Längt vun 2,2 Kilometer an en ëmfaasst ënnert anerem eng Tranchée couverte vun 125 Meter an eng 85 Meter laang Passerell fir déi douce Mobilitéit. De Käschtepunkt läit bei knapp 30 Milliounen Euro. D’Bauzäit war mat 2,5 Joer fir Lëtzebuerger Verhältnisser éischter kuerz. Wéi kënnt dat a kann een dat an Zukunft och op aner Projeten iwwerdroen? Den Direkter vun de Ponts et chaussées, de Roland Fox:
“Also normalerweis hu mer mat de Bauzäite manner Problemer. Hei war alles an engem Lous, dat heescht mir hate just eng Soumissioun, wou mer wierklech déi grouss Aarbechte gemaach hunn. Wann dat op méi Lousen opgedeelt ass, da kënnt et alt mol vir, datt do Retard kënnt. D’Bauzäit ass effektiv déi, déi ugemoosse war. Wou et heiansdo hapert, dat ass un der Autorisatiouns- an un der Planungszäit, mee och do gëtt dru geschafft, fir dat ze verbesseren.”
Ee Punkt, deen net nëmmen Zäit, mee och vill Sue kascht, sinn d’Mesuren, fir déi zerstéiert Natur ze kompenséieren. Wéinst dem negative Beispill vun der Nordstrooss, wou een Deel vun de geplangte Kompensatiounen nach ëmmer net realiséiert gouf, kann zanterhier réischt mam Bau ugefaange ginn, wann dat bis geschitt ass. Am Fall vun der Ëmgeeungsstrooss vun Dippech-Gare hunn eng 10 Hektar mussen entspriechend amenagéiert ginn. D’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes gesäit déi aktuell Reegelung duerchaus kritesch.
“Dat gesi mer op ganz ville Projeten. Dat hëlt Zäit, mir mussen Terraine fannen, se duerfen net ze wäit ewech sinn. Do si mir natierlech am Dialog mam Ministère de l’environnement, fir ze kucken, fir do Léisungen ze fannen. Well dat ass effektiv ee groussen Defi, dat hu mer hei gesinn, mee dat gesi mer op ganz ville Plazen an do musse mer konstruktiv Léisunge fannen.”
Guer net kritesch gesäit déi Dippecher Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller d’Tatsaach, datt de Contournement elo opgaangen ass. D’Leit aus dem Eck kriten eng Liewensqualitéit zeréck, déi se laang net méi gehat hätten. Gläichzäiteg huet si ze bedenke ginn, datt et op anere Plazen an der Gemeng nach grouss Erausfuerderungen a punkto Trafic gëtt.
“Mir sinn natierlech domadder geheit, datt mir déi zwou Achsen hunn. Mir hunn déi, déi vum Süden an den Zentrum geet, dat ass eis berüümten N5. An do si mer natierlech an enke Gespréicher mat de Ministèren. Well dir hutt jo och matkritt, datt de Buergermeeschter vu Käerjeng vill méi Drock mécht, hien huet d’Gemengestroossen zougemaach, et fiert alles op d’Haaptachs, op d’N5 an dat bedeit natierlech fir Dippech vill méi Verkéier.”
Ufank Januar hunn d’Gemengevertrieder Rendez-vous um Mobilitéitsministère. D’Yuriko Backes wollt sech do nach net ze wäit aus der Fënster leeën. Et misst een iwwert alles schwätzen a kucken, wéi eng Léisunge gebraucht ginn.
Wat d’Barriär zu Dippech-Gare ugeet, sou wäert déi vum 16. Dezember, also en Dënschdeg, un definitiv zoubleiwen, sou datt vun deem Moment u keen Duerchgangstrafic méi méiglech ass. Wann et der Gemeng nogeet, soll d’Dräikantonsstrooss tëscht deenen zwou Opfaarten op de Contournement zeréckgebaut ginn.