
Seng Automobilkarriär ass 1980 bei Autosdiffusion Losch ugaangen. Duerno hat hie verschidde féierend Positiounen an der Automobilbranche zu Lëtzebuerg an am Kanada, éier den André Losch hien 2009 als CEO vun der Losch-Grupp aus dem Ausland zeréck op Lëtzebuerg geholl huet.
Elo ass et dann awer Zäit fir en neit Kapitel, wéi et am Pressecommuniqué ze liesen ass. Op Nofro hi krute mer bestätegt, dass den Damon Damiani an d’Pensioun geet, dem Grupp awer a berodender Funktioun erhale bleift, och fir sengem Nofollger an der Transitiounsphas zur Säit ze stoen.
Neie Mann un der Spëtzt gëtt vum 1.1.2021 un den Thierry Beffort. Hie war bis elo als COO Import responsabel fir de Gesamtvertrib vun de Marken Volkswagen, Audi, Skoda, Seat, Cupra, Skoda, Porsche, Bentley, Lamborghini a Volkswagen Nutzfahrzeuge.