Esch/BelvalDen Tunnel Micheville bleift vun nächster Woch bis den 29. Mee gespaart

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vum Chantier, deen den Tunnel Micheville mat der A4 verbanne soll, gëtt den Tunnel a béid Richtunge gespaart.
© RTL-Archiv

Dat vum Samschdeg, dem 18. Mäerz ëm 20 Auer un, bis de Méindeg, 29. Mee ëm 23 Auer. Den Tunnel wäert souwuel a Richtung Audun-le-Tiche (F), wéi och a Richtung Stad net accessibel sinn, mellt d’Administration des ponts et chaussées.

Den Trafic fir an d’Stad gëtt iwwer d’Route de Belval (CR168) am iwwert de Boulevard du Jazz (CR191) ëmgeleet. A Richtung Audun-le-Tiche geet et iwwert de Boulevard des Lumières (CR191B) an d’Route de Belval (CR168).

Vum 29. Mee un ass et da méiglech, déi nei Strooss bis op d’A4 ze fueren. Dat an enger éischter Zäit awer just op enger Spuer.

“Net dee Chaos, deen an der Press ugekënnegt ass": Responsabel wëllen no Opreegung iwwer Chantieren zu Esch an op der A4 berouegen

Back to Top
CIM LOGO