D'CFL deele matDës Chantiere sinn am Zuchreseau fir d'Joer 2026 geplangt

RTL Lëtzebuerg
D'CFL hunn e Méindeg de Moie matgedeelt, wéini fir dëst Joer Aarbechten um Zuchreseau virgesi sinn.
D'Gare zu Ettelbréck.
D’Gare zu Ettelbréck.
© CFL

Op 254 vun 365 Deeg gouf d’lescht Joer um Zuchreseau zu Lëtzebuerg geschafft, an och fir dëst Joer stinn eng Rei Aarbechten un, déi virop wärend de Schoulvakanzen an op de Weekender solle realiséiert ginn. Bal 30 Kilometer nei Spuere solle verluecht ginn. Wärend den Aarbechte bidden d’CFL Ersatzbusser un, esou datt hir Clienten hir Destinatiounen awer erreechen.

Am Joer 2026 sollen ënnert anerem d’Aarbechten um Pôle d’échange am Süde vun der Stad ofgeschloss ginn, wou de Clienten a Richtung Esch an Thionville tëscht dem Pôle d’échange zu Houwald an der Stater Gare da véier amplaz vun zwou Gleiser zu Verfügung stinn.

Op der Beetebuerger Gare gi virop iwwert de Summer Preparatioune gemaach, fir déi nei Streck Lëtzebuerg-Beetebuerg unzeschléissen, duerch déi deen Deel vum Streckennetz soll entlaascht ginn.

Zu Ettelbréck gouf scho gudde Progrès gemaach, ma 2026 mussen nach d’Aarbechten op dem Quai II an III fäerdeggemaach ginn, an och d’Ënnerféierung fir d’Foussgänger steet dëst Joer nach um Programm.

Hei den Iwwerbléck iwwert déi gespaarte Linne wärend de Vakanzen:

Wärend der Fuesvakanz (14. Februar - 22. Februar):

  • Keen Zuch tëscht Lëtzebuerg an Arel
  • Keen Zuch tëscht Lëtzebuerg a Beetebuerg (ausser TGV)

Wärend der Ouschtervakanz (28. Mäerz - 12. Abrëll):

  • Keen Zuch tëscht Lëtzebuerg an Arel
  • Keen Zuch tëscht Lëtzebuerg an Ettelbréck/Dikrech
  • Keen Zuch tëscht Beetebuerg an Esch
  • Keen Zuch tëscht Esch an Aidun-le-Tiche
  • Keen Zuch tëscht Rëmeleng an Näerzeng

Wärend der Päischtvakanz (23. Mee - 31. Mee):

  • Keen Zuch tëscht Lëtzebuerg an Arel
  • Keen Zuch tëscht Lëtzebuerg an Ettelbréck/Dikrech
  • Keen Zuch tëscht Lëtzebuerg a Beetebuerg

Wärend der Summervakanz:

  • Keen Zuch tëscht Beetebuerg a Volmerange-les-Mines (16.07.-31.07./15.08.-30.08.)
  • Keen Zuch tëscht Lëtzebuerg a Beetebuerg (16.07.-14.08.)
  • Keen Zuch tëscht Lëtzebuerg an Thionville (16.07.-28.08.)
  • Keen Zuch tëscht Lëtzebuerg an Esch (15.08.-23.08.)
  • Keen Zuch tëscht Rëmeleng an Näerzeng (15.08.-23.08.)
  • Keen Zuch tëscht Ettelbréck an Ëlwen/Gouvy (24.08.-13.09.)
  • Keen Zuch tëscht Kautebaach a Wolz (24.08.-13.09.)
  • Aarbechten op der Linn Lëtzebuerg - Waasserbëlleg - Tréier

Wärend der Allerhellegevakanz (31. Oktober bis 8. November):

  • Keen Zuch tëscht Lëtzebuerg a Stroossen
  • Keen Zuch tëscht Lëtzebuerg an Athus/Longwy
  • Keen Zuch tëscht Lëtzebuerg an Ettelbréck/Diekrech
Back to Top
CIM LOGO