D’Zuel un Doudesaffer op den europäesche Stroosse soll bis 2050 op Null erofgoen. Fir deen Objektiv z’erreechen, sollen d’Autosconstructeuren obligéiert ginn, déi rezentst Techniken an d’Gefierer anzebauen. Vun Assistent, deen de Chauffeur am Aen hält, am Fall wou een annäipt oder um Handy triwwelt. Iwwert eng sou genannt “Black Box”. Bis zu der intelligenter Steierung vun der Vitesse, e System, dee besonnesch fir Diskussioune suergt. GPS a Kamera erkennen d’Positioun vum Gefier an d’Verkéiersschëlter laanscht d’Strooss a ginn d’Informatioun weider un e schlauen Tempomat, deen d’Vitesse automatesch upasst.
E System deen als extrem wichteg ugesi gëtt. E mënschleche Feeler ass den Ursprong vun 90% vun den Accidenter. Vun deenen 90% ass d’Halschent op ze héich Vitesse zeréckzeféieren.
Eleng den ISA, also d’Intelligent Steierung vun der Vitesse, kéint bis 2038 iwwer 25.000 Mënscheliewen op den europäesche Stroosse retten, sou d’Experten.
Ee System ënner aneren, dee bis 2022 obligatoresch kéint ginn. Den nächste Mount gëtt fir d’éischt iwwer den Text am Europaparlament ofgestëmmt.