Digital Attestatioun fir d'AutosassuranceD'Format vum Noweis bei der Kontroll gouf net definéiert

Diana Hoffmann
Dat digitaalt Format vun der Versécherung kascht de Versécherte keng Suen. Zanter dem 1. Januar kann dëst bei der Kontroll virgewise ginn.
© RTL

Zu Lëtzebuerg ass eng Autoversécherung obligatoresch. Bis elo huet ee mussen d’Pabeier, déi esou eng noweisen, ëmmer mat u Bord vum Auto hunn. Zanter dem Ufank vun dësem Joer ass dat awer net méi de Fall. D’Attestatioun ka bei enger Policekontroll och digital virgewise ginn. Domat kann dann d’Pabeiersform, déi virdrun als «Gréng Kaart» bekannt war, ersat ginn.

A wéi enger Form d’Assurancen hire Clienten den Noweis als PDF zur Verfügung stellen, per Mail oder iwwert eng App, ass ënnerschiddlech. Do hunn d’Assurancë fräi Hand. Och wéi de Client de Noweis op sengem Handy oder op engem aneren digitale Medium presentéiert, spillt bei der Kontroll keng Roll. “Et brauch ee keng speziell App. E PDF, deen ee ka weisen, geet duer. Mä dee muss een da bei sech hunn – an zwar deen, dee fiert. Et ass also net esou, datt een eng extra App muss eroflueden oder soss eppes maachen, wann een e PDF per E-Mail kritt”, erkläert de Marc Hengen, Direkter vum Daachverband vun den Assurance (ACA).

Vill Assurancë géifen elo schonn d’Versécherungsattestatioun per E-Mail verschécken. Déi muss een elo net méi ausdrécken an am Auto leien hunn, mee einfach um Handy disponibel hunn. “D’Legislatioun schreift kee bestëmmte Format vir. Dat heescht, ech ginn dovun aus, datt och aner Formater akzeptéiert ginn, well keng Technologie festgeluecht ass”, betount de Marc Hengen. Deemno kéint och eng Foto oder e Scan vun der Pabeiersattestatioun um Handy als Alternativ déngen. Déi nei Reegel gëllt dann an allen EU-Länner, mat Ausnam vu Litauen.

Aktuell zirkuléieren och Arnaquen am Zesummenhang mat digitalen Assurancepabeieren. Et soll een op kee Fall op verdächteg Linke klicken, warnt de Marc Hengen. Nëmmen den Assureur oder den Agent dierfen dës Pabeieren ausstellen an dat wier och gratis. Och den Transportministère hat Ufank der Woch eng Warnung erausginn, datt aktuell esou Arnaque-Fäll am Ëmlaf wieren.


Back to Top
CIM LOGO