
Well d’Strooss en neie Belag kritt, ass d’N13 tëscht dem Wandhaff a Garnech an déi zwou Richtunge gespaart, dat tëscht e Méindeg de Moie 6 Auer an e Mëttwoch den Owend 20 Auer.
D’Geschäfter, d’Tankstell an de Zoning “Rue des Trois Cantons” um Wandhaff bleiwe wärend den Aarbechten awer accessibel. Eng Deviatioun wärend den Aarbechten ass ageriicht.