Maintenance-Aarbechten an der NuechtD'Tramsschinne ginn ënnert d'Lupp geholl

Christophe Hochard
Zanter Dezember 2017 rullt den Tram an der Stad Lëtzebuerg. D'Schinnen, déi iwwer 3 Joer do leien, ginn zanter e Mëttwoch méi genee ënnert d'Lupp geholl.
Nuetsaarbechten un den Tramsschinnen
D’Schinnen, déi iwwer 3 Joer do leien, ginn zanter e Mëttwoch ënnert d’Lupp geholl. Bis Enn Mee solle se mat enger spezielle Maschinn geschlaff sinn.

Mat der Zäit fänken d’Schinnen un ofzenotzen. Dat ass de Moment, wou méi schwéier Maschinerie muss an den Asaz kommen. Millimeter genee fiert eng speziell Maschinn iwwer d’Schinnen a schläift se of.

An e puer Etappe ginn dës Maintenance-Aarbechten duerchgefouert. Do virdrunner huet eng Ekipp den Zoustand vun de Schinne kontrolléiert.

Ëmmer owes a bis an d’Nuecht era gëtt geschafft. Vun 22 bis 4 Auer moies. Op déi Manéier gëtt den Horaire vum Tram am mannsten op d’Kopp gedréint.

Wärend engem Mount gëtt deemno tëscht dem Tramsschapp an der Stäreplaz geschafft. Déi speziell Maschinn, déi an den Asaz kënnt, gëtt och bei der Eisebunn fir Aarbechten un de Schinne genotzt.

Ganz ouni Geräischer - komm mir schwätze vu Kaméidi - kënnen dës Aarbechten allerdéngs och net duerchgefouert ginn. Beim Exploitant vum Tram ass ee sech däers bewosst. Dofir goufen d’Awunner vum Kierchbierg zäitno informéiert. D’Aarbechten daueren nach bis Enn Mee.

Back to Top
CIM LOGO