Tëscht Beetebuerg an dem Scheierbesch schafft d’CFL aktuell un de Gleiser. Hir Liewensdauer vu 25 Joer ass erreecht. Ronn 15 Kilometer Schinne ginn erneiert. Fir dës Aarbechte brauch et allerdéngs och eng speziell Maschinn. Si ass 510 Meter laang a 1.500 Tonne schwéier. “Fir d’éischt ginn d’Fixatioune vun der Schinn lassgemaach. Ass d’Schinn bis erausgehuewen, ginn d’Fixatioune vun de Schwelle lassgedréint. D’Gleis gëtt doropshin opgehuewen an eng Schwell no där anerer gëtt ewechgeholl. Duerno gëtt déi nei Schwell an d’Plaz geluecht a fixéiert. Duerno gëtt déi nei Schinn agefädelt”, huet eis de Gilles Kayser, Chef vum Projet bei den CFL, erkläert.
Am ganze ginn 13.000 Schwellen ersat. Si bestinn aus Holz a wéien 110 Kilo. Geschafft gëtt am Dräi-Schichte-System. 110 Aarbechter vun enger spezialiséierter Firma aus Frankräich schaffen zu Näerzeng. “Sou e Barrage muss dräi Joer am viraus ugefrot ginn. Tëscht moies 6 Auer a nomëttes 14 Auer schafft de Gros vun de Leit. Deen Ament steet déi meeschten Aarbecht un”, sou de Gilles Kayser.
Bis d’Enn vun der Ouschtervakanz daueren d’Aarbechten. D’Streck ass gespaart an en Ersatzbusservice gouf vun den CFL en place gesat.