VIDEO: Gaffen op der AutobunnE Freideg koum et nees zu engem Gaffer-Accident
Den Domingos Oliveira war e Freideg op der A1 fir Videomaterial vun engem Accident ze huelen. Eng Gafferin huet dobäi e weideren Accident provozéiert.
VIDEO: "Gaffen" op der Autobunn
E Freideg koum et op der A1 zu engem Accident, well ee vun de Verursaacher mam Handy en aneren Accident wärend dem Fuere filme wollt.
Dass wéinst dem Gaffen ëmmer nach reegelméisseg Accidenter passéiert, wéist dëse Video, deen den RTL-Fotograf Domingos Oliveira duerch Zoufall gemaach huet.
Obwuel een den Accident net direkt gesäit, héiert een awer ganz genee, wéi en aneren Auto der Gafferin hannendrop fiert.
Eng Enquête an dëse Affaire leeft.
(de Serge Arendt am Video war 2017 Pressespriecher vun der Police)