D'Vitess ass awer nach hei bis de 7. Mee op 90 Kilometer an der Stonn limitéiert.
De 7. Mee soll och op dësem Stéck de Co-Voiturage op der Panne-Spur lancéiert ginn.
D'Konditioun, fir d'Panne-Spuer ze notzen, ass, datt op d'mannst 3 Leit an engem Gefier sëtzen. Kontrolléiert gëtt via Kameraen. Wie fuddelt an erwëscht gëtt, bezilt 58 Euro.
