Zu Käerjeng wëlle se endlech no Joren a Jore wëssen, wou ee mam geplangte Contournement drun ass.
Ee Contournement an der Sakgaass, ee Contournement mat Deviatiounen, ee Contournement, deen ëmmer nees contournéiert gëtt. Et gi vill Wuertspiller, déi engem afalen an engem Dossier, bei deem et scho vill variéiert Variante gouf, Gestreits tëscht Nopeschgemengen oder nach Ëmweltschützer, déi sech fir ee Bësch agesat hunn. Den Dossier schleeft zënter ronn 35 Joer.
Do waren se am Käerjenger Gemengerot virun engem décke Mount voller Hoffnung, dass fir déi xte Prozedur just nach eng Signatur aus dem Ëmweltministère géif feelen, do huet de Mobilitéitsminister Bausch eng Tunnel-Variant an d’Gespréich bruecht. Déi ass awer just eng Optioun, seet de François Bausch. Et géif an éischter Linn drëm goen, dass den Dossier juristesch d’Strooss hält. Do steet virop ee minimalen Impakt op de Bobësch an op eng Natura-2000 Zone. Den Dossier vun 2016 bleift aktuell, et kéint awer Adaptatioune ginn. De Projet Contournement soll och nach virun der Summerpaus an de Regierungsrot.
“Ech wëll ongeféier am Hallwe Juni dem Regierungsrot all déi Decisioune virleeën. Da muss de Regierungsrot eng Decisioun huelen, wat se wëllen. Ech wëll de Contournement bauen. Ech wëll awer och dem Regierungsrot an dem Public meng Meenung soen. Ech kéint mir hei d’Liewen einfach maachen. Ech hätt jo kënne soen: Ech schleefen dat nach e bëssen an da schubsen ech dat hannert d’Walen an da kann deen nächste kucken, fir sech domadder ze ploen. Dat ass net mäi Stil ze funktionéieren. Ech wëll mat de Leit éierlech sinn an de Contournement bauen”
Et soll och näischt hannert zouenen Dieren am Regierungsrot geschéien.
“Selbstverständlech wëll ech virdrun déi zwou Gemenge ruffen an deenen de kompletten Dossier weisen, an hinne soen, meng Meenung ass déi: D’Regierung soll elo entscheeden. Selbstverständlech ginn d’Gemengen informéiert.”