AutofestivalÉischt Woch huet de Garagisten no villverspriechend ugefaangen

Christophe Hochard
18 Deeg laang dauert den Autofestival 2021, deen dëst Joer ënner besonnesche Konditiounen organiséiert gëtt.
Éischt Woch huet de Garagisten no villverspriechend ugefaang
18 Deeg laang dauert den Autosfestival 2021, deen dëst Joer ënner besonnesche Konditiounen organiséiert gëtt.

De Garagisten no hätt déi éischt Woch villverspriechend ugefaangen.

D’Hygiène spillt bei dëser Editioun eng zentral Roll. Dowéinst hunn eng Partie Concessionnairen d’Decisioun geholl, d’Autoen an den Ausstellungsraim zougespaart ze loossen. Fir d’Fluten an de Garagen ze kanaliséieren, gëtt recommandéiert op Rendez-vous ze schaffen.

De Gros vun de Clienten, déi op de Festival kéimen, hätte schonn eng konkret Virstellung vun hirem neie Won. Verbrennungs- oder Hybridmotor oder awer elektresch ugedriwwen. Hei huet een och e grousse Choix.

Sonndes sinn d’Garagen zou, dofir awer déi aner Deeg méi laang op.

Den Autofestival dauert nach bis den 13. Februar.

Klickt hei fir op de ganzen Dossier vum Autofestival ze kommen.

PDF: Schreiwes Fedamo / Tëschebilan Autofestival

Back to Top
CIM LOGO