Um Autosfestival konnt ee feststellen, dass elektrifizéiert Gefierer ëmmer méi gefrot sinn. D’Fedamo, d’Associatioun vun de Garagisten hei zu Lëtzebuerg, konnt observéieren, dass 1 vun 5 Autoen, deen d’lescht Joer verkaf gouf, ganz oder deels elektresch fiert, also Hybrid, Plug-in Hybrid oder zu 100% elektresch ass.
Grond dorunner sinn och d’Primme vum Staat, déi bei engem voll elektresche Gefier bei 8.000 Euro leien, déi leeft Enn des Mounts aus. Ma déi wäert awer verlängert ginn, just ënnert e bëssen anere Konditiounen. Bei den Hybriden oder Plug-in-Hybriden wëll een awer op de Wee goen, fir d’Primme vun 2.500 Euro beim Kaf vun esou engem Gefier lues a lues auslafen ze loossen. D’Zil wier eng emissiounsfräi Mobilitéit.