
Heibäi handelt et sech ëm eng Streck vu ronn 75 Kilometer, déi a 35 Minutten absolvéiert gouf.
Den Auto-Fliger-Hybrid gouf vu sengem Erfinder op den Numm “AirCar” gedeeft. Ugedriwwe gëtt den AirCar vun engem 1,6 Liter BMW-Motor mat 140 PS an e leeft mat normalem Bensin. Den AirCar kënnt op e Gewiicht vun 1.100 Kilo bei enger maximaler Zouluedung vun 200 Kilo. Den Erfinder Stefan Klein huet uginn, dass een eng Streck vun 1.000 Kilometer bei enger Fluchhéicht vun 2.500 Meter kéint zeréckleeën.
Et passen 2 Persounen an den AirCar an et ass eng Rees-Geschwindegkeet vun 170 Stonnekilometer dran, wann e flitt. Fir ze starten brauch den AirCar eng Startbunn vun ongeféier 300 Meter, woubäi dann eng Vitess vun 200 km/h erreecht gëtt. Bis elo wier den AirCar scho ronn 40 Stonnen an der Loft gewiescht. Ronn 30 Joer Entwécklung stiechen am AirCar vum Professer Klein, an en ass mëttlerweil bei der 5. Generatioun vu senger Erfindung.
No der Landung beim Testfluch den 28. Juni 2021, huet de “Fliger” sech bannent enger Zäit vun ënner 3 Minutten an en “Auto” verwandelt, andeems ënnert anerem d’Flilleken sech a Längsrichtung am Auto verstaut hunn, an och den hënneschten Deel vum Auto eragezu gouf, wéi ee gutt um Video vum Erfinder Stefan Klein erkennt. Vum Fluchhafen aus ass hien du mam Gefier bis an den Zentrum vu Bratislava gefuer.

Et war iwwerdeem schonn dem AirCar seng 142. Landung um Fluchhafe Bratislava.
De Steve Wright, en Expert an der Avionik un der Universitéit West of England, war am BBC-Interview souwuel begeeschter vum AirCar, wéi och skeptesch. Besonnesch wat d’Zouloossung ugeet, hat hie sou seng Zweiwel. Jidderee kéint e Fliger bauen, ma den Trick wier, dass en 1 Millioun Stonne flitt a flitt a flitt, mat enger Persoun u Bord an ouni Tëschefäll. Hie kéint et kaum erwaarden dat Stéck Pabeier ze gesinn, wou drop steet, dass den AirCar sécher ze fléien ass an domat och u Cliente verkaf kéint ginn.
Sollt den AirCar esou eng Zouloossung kréien, da ka sech den Erfinder freeën, well dem Marché vun Auto-Fliger-Hybriden gëtt eng roseg Zukunft virausgesot. Engem Pronostic vun der Berodungsfirma Morgan Stanley no, aus dem Joer 2019, kéint dee Secteur bis d’Joer 2040 op bis zu 1.500 Milliarden Dollar wuessen. Rezent huet de Michael Cole, CEO vun Hyundai Motors Europe, Autoen déi fléie kënnen, als Deel vun eiser Zukunft bezeechent.
Et däerf ee gespaant sinn.