Verkéiersaccidenter reduzéierenEn Deel vum CR132 gëtt besser securiséiert

RTL Lëtzebuerg
Fir een Deel vum CR132 an der Géigend vu Jonglënster nach besser ze securiséieren, ginn an Zukunft Beem no hanne geréckelt an eng Leitplank installéiert.
En Deel vum CR132 gëtt besser securiséiert
Fir een Deel vum CR132 an der Géigend vu Jonglënster nach besser ze securiséieren, ginn an Zukunft Beem no hanne geréckelt an eng Leitplank installéiert.

Verkéiersaccidenter reduzéieren / Rep. Tim Morizet

Dëst ass ee Pilotprojet, dee virdrun 3 Joer vun der Association des Victimes de la Route zesumme mam Mobilitéitsministère lancéiert gouf. Esou soll eben een Deel vum CR132 mat modernste Sécherheetsaspekter entstoen. Doduerch wëll een d’Zuel vu Verkéiersaccidenter reduzéieren, esou d’AVR.

Dobäi gëtt d’Vitesslimitatioun erofgesat, d’Beem laanscht Strooss no hanne geréckelt an eng Leitplank installéiert. Et geet virun allem drëms, d’Strooss nach besser ze securiséieren.

D’Zuele vun den déidleche Verkéiersaccidenter mat Beem sinn an de leschte Joren erofgaangen. Insgesamt sinn zejoert 3 Mënsche bei Bam-Accidenter gestuerwen. 2019 waren et der 8.

Fir de Mobilitéitsminister geet et drëms, op besonnesch ufälleg Plazen zu Lëtzebuerg Leitplanken ze stellen, soulaang d’Plaz dëst erlaabt. Hei am Land goufen zejoert iwwer 20 Kilometer Leitplanke viru Beem installéiert. Donieft goufen an de leschte Joren eng 800 Beem laanscht d’Stroossen ewechgeholl.

D’nächst Joer sollen d’Aarbechten um CR132 fäerdeg sinn.

Back to Top
CIM LOGO