Virun allem fir Grenzgänger en AtoutEng nei Zuchverbindung tëscht Lëtzebuerg an Tréier

RTL Lëtzebuerg
D'Verbindung tëscht Tréier a Lëtzebuerg gëtt weider ausgebaut, fir d'Pendelen ze vereinfachen.
Aarbechten un der Uewerleitung um zukünftegen Arrêt Zewen.
Aarbechten un der Uewerleitung um zukünftegen Arrêt Zewen.
© Stadt Trier / W. Bauchhenß

Op der “Weststreck” gëtt aktuell geschafft, fir d’Verbindung tëscht Tréier a Lëtzebuerg ze verbesseren. Wéi den Tréierer Buergermeeschter Wolfram Leibe e Méindeg als Invité vun der Redaktioun preziséiert huet, wieren d’Aarbechten amgaangen an d’Streck soll am Dezember a Betrib geholl ginn.

An Zukunft sollen dann zweemol d’Stonn Persounenzich tëscht Wittlich a Lëtzebuerg Gare fueren, souwéi tëscht Schweech a Saarburg. Domadder gëtt d’Stad Tréier besser mat Lëtzebuerg verbonnen. Bis ewell war déi Streck tëscht Wittlich a Lëtzebuerg just fir de Gidder-Verkéier op.Virun allem fir d’Grenzgänger an d’Studente wier dat e groussen Atout, sou de Wolfram Leibe.

© Stadt Trier

PDF: De ganze Projet vun der Reaktivéierung vun der Weststreck Tréier.

Back to Top
CIM LOGO