Cents-Weimeschhaff Eng Partie Awunner aus dem Neiduerf gesinn déi nei Vëlosbréck kritesch

RTL Lëtzebuerg
D'VDL hat den zoustännege Kommissiounen an de betraffenen Interesseveräiner den Ament den Avant-projet sommaire vun der Vëlosbréck presentéiert.
Vëlosbréck
Eng Partie Awunner aus dem Neiduerf gesinn déi nei Vëlosbréck kritesch.

Rieds geet vun der Bréck vum Cents op de Weimeschhaff. D’Bréck an de Lift gi Stole-Konstruktiounen an de Pilon gëtt ronn 70 meter héich. D’Bréck gëtt 6 Meter breet (brutto gesinn).

An de leschte Méint wiere geotechnesch Analyse gemaach ginn. De Lift bréngt ee mat enger Vitess vun 2,5 m/sec erop an ass e bësse méi kleng wéi deen am Pafendall. Weider steet am Avant-projet, dass Plaz fir 8 Foussgänger a 4 Cyclisten am Lift wier. De Käschtepunkt läit bei 18 Milliounen Euro.

Konkret soll den definitive Projet Enn 21 am Conseil presentéiert ginn. 2025 wier en theoretesch fäerdeg, wat enger Bauzäit vun 2,5 Joer entsprécht.

De Projet wier affinéiert ginn a wier e Gewënn fir all Quartier. Wat den Impakt op d’Ëmwelt ugeet, misst eng Etüd iwwer d’Haselnussmaus gemaach ginn, sou d’Stater Buergermeeschtesch op der Presentatioun.

Am Neiduerf sinn awer e puer Stëmmen ze héieren, déi dëse Projet ganz kritesch gesinn.

Hei hiert Schreiwes:

Syndicat d´Intérêts Locaux Neudorf Braun Roger

AM NUMM VUM VELO!

De Neiduerfer Interesseveräin zéit seng Conclusiounen aus der Reunioun vum 4. Mäerz, an där déi concernéiert Commissiounen aus der Stad an d’Vertrieder vun de Quartiere Neiduerf, Cents a Weimeschhaff, um Knuedler, en Avant-Projet Sommaire vun der Velos- a Foussgänger Bréck presentéiert kruten.

Gewise gouf eng Hängebréck, Käschtepunkt: minimal 18 Milliounen Euro, eng nei Variant, déi d’Invitéen als méi schéin a besser ugepasst beschriwwe kruten, mat kaum negativen Impakt op d’Natur. A ganz wichteg: de Projet géif deenen dräi Quartieren an hiren Awunner nëmme Virdeeler bréngen.  FALSCH!, soe mir, mee dat ass näischt neies an dovunner wollt d’Buergermeeschtesch och absolut näischt méi héieren!

Duerfir hei EIS Äntwerten:

Eng Biergerbedeelegung déi KENG ass: wat d’Lydie Polfer en Donneschdeg als déi grouss Neiegkeet vum Dag annoncéiert huet, nämlech d’Abannen vun den Interesseveräiner an d’Entwécklung vun engem Projet, war an ass näischt anescht ewéi Fake! “Mir hu gemengt et wier awer och wichteg, déi dobäi ze hunn, well soss hätte mer nach eng nei Réunioun mat deene gemat...eng pragmatesch gutt Léisung...”, an den Ae vun der Buergermeeschtesch.

“Verspriechen agehal”: De liberale Mobilitéitsschäffen post dës Ausso op Facebook. Wiem huet de Patrick Goldschmidt wéini wat versprach? Villäicht der Vëlosinitiative an de Membere vum Mouvement Ecologique? Deene potentielle Gréng-Wieler, déi kéinte Blo ukräizen?

Eng DP där de Commerce egal ass: d’Remarque dass um Emplacement vun der Vëlos Bréck näischt méi geännert gëtt weist nach eng Kéier d’Bornéiertheet vum Schäfferot! Dass déi puer couragéiert Geschäftsleit vun der Bréck op dëser Plaz GUER NÄISCHT hunn, ass de Stater Liberalen egal!

Eng Bréck fir de Vëlo, a nëmmen de Vëlo: De Mobilitéitsschäffen ka mat sengem “agehalene Versprieche” wuel just un déi puer Cyclisten denken, déi iwwer dës Bréck wäerte fueren. Well als Foussgänger huet een – ausser et ass een e Résident dee vun där enger op déi aner Säit schaffe geet – ABSOLUT NÄISCHT vun der Bréck op dëser Plaz – an och vum Lift net! Well do ënne bei eis am Neiduerf ass weder eng Schoul, nach e Restaurant oder soss e Commerce.

Eng Defiguration vun dem Neiduerf. De Quartier Neiduerf an der Stasd ass een wou nach vill Natur Riets a Lenks vun dem Dall ass. E scheine Besch wou mir nach eng gewesse Liewensqualiteit hunn. Elo wellen si dese Rescht Besch och futti machen an eis mat engem riesege Bauwierk beglecken. Also Natur an Zefriddenheet vun de Leit spillt an hierem Denken keng grouss Roll.

Als Neiduerfer soe mir nach eng Kéier kloer NEEN zum Projet, wéi en elo virläit. En ass mat 18 Mio ze deier, well en d’Interessie just eleng vum VELO vertrëtt. Um Enn wäert dës Bréck een un eng Zäit erënneren, wou d’gewielte Vertrieder an der Stad eleng fir sech selwer geschafft hunn a net fir d’Bierger.

Syndicat d’Interets Locaux du Neudorf

Back to Top
CIM LOGO