Wann een op der Cloche d’Or ënnerwee ass, falen engem vu wäitem schonn déi gréng mat gro Ofspärungen an d’A. Si verroden engem, datt hei ablécklech d’Aarbechte vum Tram amgaange sinn.
Am September goung et lass. Zanterhier huet sech scho vill gedoen. Sou leien zanter ugangs der Woch déi éischt Tramsschinnen. Am Summer d’nächst Joer sollen d’Schinnen op der ganzer Längt leien.
Den Tronçon tëscht dem Lycée Vauban an dem neie Futtballstadion huet eng Distanz vu ronn 2,2 Kilometer. 3,7 Kilometer sinn et tëscht dem Arrêt Lycée Bouneweg an der Endstatioun.
Geschafft gëtt also an der Mëtt vum Boulevard Kockelscheier. Tëscht dem Bouneweger Lycée an dem Stadion gi 5 Arrête gebaut.
Zu Rodange op der Schmelz vun ArcelorMittal ginn aktuell d’Schinnen hiergestallt, déi hei op der Cloche d’Or geluecht ginn. Spéider wäert den Tram am 4-Minutten-Takt hin an hier pendelen.
Zanter dem 11.September fiert den Tram bis Bouneweg. Déi zwee nei Arrêten, Leschte Steiwer a Lycée Bouneweg hätte Succès.
D’Extensioun vum Tram op der Cloche d’Or leeft op Héichtouren. An engem gudde Joer wäerten déi éischt Passagéier vun dësem Transportmëttel profitéiere kënnen.
