SNCT erkläert sechEréischt déi 6. Präishausse bannent 20 Joer

Maxime Gillen
Déi technesch Kontroll vun de Gefierer gëtt ee gudde Krack méi deier. Domat ass sinn ë.a. Konsumenteschutz an Oldtimerfrënn awer guer net averstanen.
Präishausse beim SNCT léist negativ Reaktiounen aus
Ënner anerem d’ULC wëll, datt d’Präishausse bei iwwer 40 Prozent réckgängeg gemaach gëtt. Den ACL gesäit esouguer nach eng politesch Decisioun dohannert.

Fir ee Bensinner oder Diesel-Won kascht et zënter dem 1. Februar 2019 52 Euro. Fir Elektrogefierer sinn et 46 Euro. Fir historesch Ween sinn et der 69 a fir Motorrieder a Quaden 39 Euro.

Nei SNCT-Tariffer a vill Reaktiounen: Rep. Pit Everling

Dat hat fir ganz vill Reaktioune gesuergt, en Dënschdeg, 5. Februar huet d’Direktioun vun der technescher Kontroll reagéiert an e Communiqué erausginn. Et misst ee konform zu europäesche Gesetzer sinn an als “Société commerciale” misst ee seng Fraisen decken. Dofir wier ee forcéiert, d’Tariffer eropzesetzen. Bannent 20 Joer wier et och elo eréischt fir d’sechst, datt een d’Präisser eropgesat hätt an déi viregt Haussë wiere manner bedeitende gewiescht.

Derbäi kéim, dass d’Intervallen an deenen d’Ween duerch d’technesch Kontroll mussen, verlängert goufen an d’Käschte geklomm sinn.

D’SNCT präziséiert och, datt een an d’Qualitéit investéiert hätt an a vum 18. Februar u funktionéiert eng nei Informatik fir professionell Clienten a vum 4. Mäerz u fir privat Clienten. Dobäi geet et ënnert anerem ëm d’Aart a Weis, fir Rendez-vousen unzefroen.

PDF: De Communiqué vun der SNCT.

Back to Top
CIM LOGO