
Eleng d’Evolutioun vun de Passagéierzuele mat enger Verdueblung an de leschten 10 Joer géifen dat beleeën. Detailer ginn et awer nach net. Pläng fir en Ausbau géifen den Ament ausgeschafft ginn.
D’Regierung ënnerstëtzt dann och d’Entwécklung vu Laangstreckevolle vum Findel aus. Et wier awer eng Decisioun vun den Airlinë selwer, fir ze decidéieren, ob esou Verbindunge Sënn maachen a sech wirtschaftlech rentéieren. D’Infrastruktur vum Findel géif et op alle Fall erlaben, wat déi wéchentlech Verbindung op Zhengzhou a China scho géif weisen.
D’parlamentaresch Fro N°2261 an d’Äntwert op dës am Detail, fannt Dir hei