BourseEx-VW-Chef Winterkorn och wéinst Manipulatioun vum Marché viru Geriicht

RTL Lëtzebuerg
De fréiere VW-Manager Martin Winterkorn steet wéinst dem Dieselskandal am Fokus vun der Justiz.
© AFP Archivbild

Elo kritt de Martin Winterkorn och Manipulatioun vum Marché virgeworf a muss sech dowéinst viru Geriicht veräntweren, dëst an engem parallelle Prozess.

D’Geriicht huet erkläert, de Winterkorn soll de Kapitalmaart wëssentlech net mat Zäiten informéiert hunn, obschonns hie vum Abau vun enger manipuléierter Software an engem finanzielle Risk, dee sech schonn zanter Februar 2015 ofgezeechent hätt, gewosst hätt.

Och de Volkswagen-Chef Herbert Diess an de Chef vum Verwaltungsrot, den Hans Dieter Pötsch, kréie Manipulatioun virgeworf. Hire Prozess gëtt awer géint eng Geldstrof vun all kéiers 4,5 Milliounen Euro nees agestallt.

Back to Top
CIM LOGO