JapanFréiere Nissan- a Renault-Chef Carlos Ghosn gouf op en Neits festgeholl

RTL Lëtzebuerg
De Manager gouf wéinst neie Virwërf zu Tokio verhaft. Bei den neie Virwërf soll et ëm de Verdacht op Verontreie vu Sue goen.

Dee 65 Joer ale Ghosn war eréischt Uganks Mäerz no iwwer 100 Deeg géint eng Kautioun aus der Untersuchungshaft erauskomm. Dass hien elo op e Neits verhaft gouf, huet de Ghosn als ongeheierlech an net justifiéiert bezeechent. Hie ass schonn an dräi Punkten wéinst engem finanzielle Feelverhalen ugeklot. Bei den neie Virwërf soll et ëm de Verdacht op Verontreie vu Sue goen. Den Carlos Ghosn soll jorelaang Sue vu Nissan fir privat Zwecker ofgezweigt an dovunner ënnert anerem eng Luxusyacht finanzéiert an an d’Entreprise vu sengem Fils investéiert hunn.

Back to Top
CIM LOGO