
Aus där Äntwert goung ervir, et wier an de leschte 6 Méint kee Protokoll geschriwwe ginn, well motoriséiert Gefierer de Mindestofstand vun 1,5 Meter par rapport zu engem Vëlo net agehalen hätten. Fir ProVelo heescht dat net, datt et keng Verstéiss gouf. Et wier vill méi de Beweis, datt d’Police “kategoresch refuséiere géif”, de virgeschriwwenen Ofstand beim Iwwerhuelen ze kontrolléieren an ze penaliséieren.
D’Police misst heifir endlech adequat equipéiert ginn, sou wéi dat am Ausland zanter Jore schonn de Fall wier. Et géif wuel net een eenzege Vëlosfuerer zu Lëtzebuerg ginn, deen nach net geféierlech iwwerholl gi wier, sou ProVelo.