Ëmmer méi Beräicher fanne lues awer sécher nees zréck zur Normalitéit. Den Taxisecteur awer bleift och ee Joer nom Ufank vun der Pandemie um Buedem. Dës Woch huet d’Taxisfederatioun dowéinst zesumme mat de Gewerkschaften OGBL an LCGB e sougenannte Plan de maintien dans l’emploi ënnerschriwwen. Ma nieft dem Covid mécht nach eppes eppes ganz aneres dem Secteur Kappzerbrieches.
An dat ass dem François Bausch seng annoncéiert Taxisreform, mat där de ganze Secteur soll liberaliséiert ginn.
“Lo ass mol wichteg, datt mer iwwert déi nächst siwe Méint, well sou laang dauert de Plan de maintien dans l’emploi, datt mer iwwert déi nächst siwe Méint ewech kommen. Mir hoffen natierlech, datt sech bis Enn dës Joers d’Situatioun e bëssche berouegt huet mat der ganzer Pandemie. Duerno muss een awer och kucken, wat fir uganks d’nächst Joer annoncéiert ass, dat ass d’Taxisreform. Déi kéint par conter virun allem, wa se direkt no sou enger schwéierer Zäit kënnt, kéint dat och nach emol en décke Coup fir de ganze Secteur bedeiten”, sou de Sveinn Graas.
D’Taxisfederatioun geet net dovunner aus, datt d’Präisser erof ginn. Vill méi géifen doduerch sou kuerz no der Pandemie vill Betriber ënnert d’Rieder kommen. De President vun der Federatioun Paulo José Leitao: “On a tous les crédits, tous les leasings financiers à payer. Le covid l’a encore empiré. La seule solution, c’est de faire faillite. On n’arrivera pas, on est surendetté. On n’arrivera pas à faire face à une concurrence qui arrive sans dette sur le marché”.
Corona huet den Taxien effektiv ellen zougesat. Bis haut wieren 80% vun den Autoen net am Circuit, seet de Paulo José Leitao. An den Ëmsaz wier ëm 90% agebrach:
“Tous les chauffeurs qui sont à l’aéroport, ils sont à deux, trois clients par jour. Est on parle de sept heures du matin jusqu’à minuit.”
De President vun der Federatioun hofft bis Enn des Joer nees op 30, 40, 50% vum normalen Aarbechtspensum ze kommen. D’Perspektiven awer wiere ganz schwéier:
“On a besoin vraiment que tout le monde soit vacciné et que la vie reprends sa normalité. Si le monde financier ne recommence pas. Nous non plus. On a besoin que les avions soient plein de gens de nouveau. Et ça c’est notre clientèle.”
Virun deem Hannergrond gouf elo e Plan de maintien dans l’emploi mat de Gewerkschaften ënnerschriwwen, deen nieft der Kuerzaarbecht och aner Mesurë wéi Temps partiel préretraite, Congé sans solde an anerer virgesäit. Entlooss ginn dierf an den nächste 7 Méint keen, de Sveinn Graas vum OGBL:
“Ech mengen, datt dee Schrëtt immens wichteg war. Ech mengen, datt et gutt ass, datt zumindest bis vum Enn vum Joer d’Mataarbechter hir Plaz geséchert hunn.”
Och de Sveinn Graas warnt virun der Taxisreform, déi direkt am Januar d’nächst Joer de Secteur batter treffe kéint. Sou wéi e lo um Dësch läit, kënnt den Text fir den OGBL net a Fro.
Éischt Betriber haten elo effektiv domadder ugefaange Leit z’entloossen.
Wéi vill Taxichauffere bis ewell duerch d’Pandemie hir Aarbecht verluer hunn, konnte weder de Gewerkschaftsvertrieder, nach de President vun der Taxisfederatioun genee soen. De Secteur mat sengen 149 Betriber bleift deels oniwwersiichtlech mat ville klenge Patrone mat enger oder zwou Lizenzen. Et geet allgemeng rieds vun 900 Mataarbechter am Taxiwiesen.