Vun der Ouschtervakanz gëtt profitéiert: Verkéierstechnesch bedeit dat zum Beispill e gréissere Chantier zu Stroossen op der Areler Strooss, wat och an enger Vakanz fir Staue suerge dierft.
Wéinst engem Neibau muss d’Areler Strooss opgerappt ginn. Grond si Reseausaarbechten, déi ustinn. D’Gebai, wat vis-à-vis vun der Autobunnsopfaart gebaut gëtt, wäert un d’Waasser-, Stroum- an Internetversuergung ugeschloss ginn.
D’Aarbechte sinn an 3 Phasen agedeelt, de Sonndeg den Owend um 20 Auer geet et lass.
Well d’Verdeelerkëscht op der anerer Säit vum Neibau steet, muss iwwer déi ganz Breet vun der Areler Strooss opgerappt ginn.
Déi 2. Phas vun dësem Schantje geet vun dënschdesmëttes bis mëttwochs, deen Ament gëtt den Trafic aus Richtung Stad op eng Bunn ëmgeleet a mat roude Luuchten gereegelt.
Déi lescht Phas fänkt dann e Mëttwoch un an dauert bis den Donneschdeg den Owend, 18. Abrëll.