
D’Schied wiere méi grouss wéi uganks geduecht, heescht et en Donneschdeg vun der Schwäizer Bunn zu Bern.
Wärend de Giddertransport den 23. August erëm soll rullen, ginn d’Passagéierzich nach méi laang iwwert déi sougenannt Panorama-Streck ëmgeleet.
D’Schwäizer Bunn geet dovun aus, dass béid Tunnelstuben eréischt uganks 2024 erëm wäerten opgoen. Bis dohi musse Passagéier eng bis zwou Stonne méi fir hiren Trajet arechnen.
D’lescht Woch war e Gidderzuch am längsten Zuchtunnel vun der Welt entgleist. Uganks ass ee vun enger Fermeture vu ronn enger Woch ausgaangen. Ma elo ass erauskomm, dass an de 57 Kilometer-laangen Tuben ronn 8 Kilometer Gleiser mussen ersat ginn.
RTL-News (11.8.23): Gotthard-Basistunnel: Bis op d’mannst e Mëttwoch ass den Zuchverkéier gestoppt