
Bei senger Visitt zu Metz huet de franséischen Transportminister ugekënnegt, datt d’Regierung sech fir de Contournement vun Diddenuewen fir d’Optioun F4 decidéiert huet. Mat der Streck vu ronn 8 Kilometer gëtt Thionville westlech ëmfuer. D’Aarbechte fir déi nei Autobunn solle schonn den nächste Januar ufänken.
“Si bitt de gréisste Schutz fir d’Ëmwelt. Et war néideg, d’Stroosseninfrastruktur op dëser Achs ze stäerken”, begrënnt de Clément Beaune, deen iwwerdeem eng Konzessioun mat Peage confirméiert.
D’A31bis soll d’Léisung sinn, fir d’Unzuel vun de Gefierer op der franséischer Autobunn ënner Kontroll ze kréien. Bis 2030 gëtt nämlech mat enger Verkéiershausse vu 44% gerechent. Mat der neier Autobunn soll de Verkéier besser verdeelt ginn an och e positiven Afloss op d’Loftverschmotzung hunn.
Wärend der Corona-Pandemie stoung de Projet wéinst der Baisse un Trafic allerdéngs kuerz op der Kipp.